765 000 €

Terraced house for sale in NIEDERFEULEN

Overview
Ref.
1A8LD
Year Built
1826
Surface
253.88 m²
Garden
307.72
Bedrooms
7
Bathroom
3

Detailed description

BEIDSÄITEG UGEBAUTENT HAUS, MAT SIEWEN SCHLOFZËMMER, ZOUEN VERANDA, TERRASSE, ZWOU STELLPLAZEN AN ENGEM WONNERSCHEINEN IDYLLESCHEN GAART ZE VERKAFEN ZU NIDDERFEELEN (GEMENG FEELEN)

BK-Immo Promotion proposéiert Iech am Verkaf en wonnerschéint, charakteristescht an flott agerichtent bifamilial d’Haus, béidsäiteg ugebaut, mat 7 Schlofkummeren, engem groussen Living mat oppener Kichen mat direkten Zougang op déi komplett aménagéiert Veranda, engem Buedzëmmer mat Douch, en zweeten Living um éischte Stack, en zweet Buedzëmmer mat grousser Douch, an eng Suite parentale mat Dressing an drëttem Buedzëmmer mat Bidden um läschte Stack. Niewend der enormer Wunnfläch vun 253,88 m2, huet dësen charakteristeschen Objet zousätzlech nach eng wonnerschéin aménagéiert Terrasse mat engem ideal orientéiertem an idyllesch gepfegtem Guart, bestens geschützt vun Bléck vun der Noperschaft. Daat roueg geleeënt Haus, bidd Iech niewend senger bester Lag nach zwou privat baussent Stellplazen fir zwee Auto an en gewölbte Keller. Daat charmant Haus, befënnt sech an enger roueg geleeëner Cité, net wäit ewech vun allen Commoditéiten.
Dëst luminéist an harmonescht ageriichtent Haus aus dem Joer 1826 gouf an den Enn 2000er zum gréissten Deel renovéiert. D’Haus lait op engem Terrain vun circa 4a 47ca an huet eng Wunnfläch vun ongeféier 253,88 m2 an eng Notzfläch vun ongeféier 293,83 m2 , déi an folgender Weis ausgestatt ass:
Dobaussen :
• Zwou baussent Stellplazen
• Eng wonnerschéin Terrasse
• En private Guart 307,72 m2

Am Keller:
• En gewölbte Keller

Um Rez-de-Chaussée :
• En Hall d’Entrée
• En Living mat Salle-à-manger
• Eng Spëndchen
• Eng éischt Schlofkummer
• Eng oppen an komplett ausgestatte Kichen
• Eng Véranda
• En Buedzëmmer mat Douch
• En Trapenhaus

GESAMTWUNNFLÄCH vum RdCH : 110,74 m2

Um éischte STACK :

• En zweete Living mat Wendeltrap
• E Couloir
• Eng zweet Schlofkummer
• Eng drëtt Schlofkummer
• Eng véiert Schlofkummer
• Eng fëneft Schlofkummer
• En Buedzëmmer mat Douch

GESAMTWUNNFLÄCH um 1te Stack : 83,38 m2

Ënnert dem Dach:
• Eng sechst Schlofkummer
• Eng siewent Schlofkummer mat Garde-Robe
• En Buedzëmmer mat Bidden
• En Trapenhaus

GESAMTWUNNFLÄCH um 2te Stack : 59,76 m2 (gemoos ab 2 m)

Wichteg ze wëssen :
- Roueg geleeëne Guart, Orientatioun Sud-West mat 307,72 m2
- Zwee Schappen am hënneschte Beräich vum Guart
- Iwescht Terrasse aus Bangkirai Holz, ënnescht Terrasse aus Plättercher
- 2 baussent Stellplazen fir 2 Autoen virum Haus
- Duebelverglasung PVC
- Mazoutheizung mat engem gemeinsame Tank vun 4000 l, Facturen ginn momentan nach duerch 2 gedeelt; Installatioun vun Caligometeren virgesinn
- Morcellement vum 08.06.2018
- Gasinstallatioun an der Strooss, Méiglechkeet fir unzeschléissen
- Gauben am iweschten Stack
- Buedzëmmer um Rdch komplett renovéiert
- Glasfaser fir Internet an Télédistribution
- Trap um RdCH aus Beton mat Holz verkleed
- Gemeinsam Kaalwaasserentree
- Renovatioun vum Propriétaire :
o Stroum néi gemeet am Joer 2007
o Mazouthéizung néi gemeet am Joer 2007
o Réieren néi gemeet am Joer 2007
o Buedzëmmer um RdcH néi gemeet am Joer 2007
o Dach néi gemeet am Joer 2007 - 2009
o Façade hannen néi gemeet am Joer 2007
o Gesamtinvestissement 225000 €

Daat bifamilialt Haus ass ideal fir grouss Familje mat méi eelere Kanner. D’Lag ass roueg an ideal gebonnen un d’ëffentlech Verkéiersmëttele wéi och no vun allen Commoditéiten ( Crèchen, Supermarchéen, Tankstellen, Schoul/Lycée, Gare Ettelbreck etc )
Fir all weider Froen, biede mir Iech, ons ënnert folgend Telefonsnummer oder per Email ze kontaktéieren:
Här Pierre SINNER
+352 661 663 152
info@bkimmo.lu

Inside

Dining room,

Double glazing,

Living room,

Storeroom,

Basement

Outside

Outdoor parking,

Parking,

Garden,

Terrace,

Veranda

Comfort

Shower,

Bathroom

Flooring

Tiling

Kitchen

Open kitchen,

Equipped kitchen,

Dishwasher

Location

Nearby town center,

Nearby public transport,

Nearby highways,

Nearby shops,

Quiet and pleasant conditions

Various

Renovated,

Available immediately,

Pets allowed,

Exclusiveness

Heating

Mazout heating

Energy pass

Energie pass pending

Position

Powered by IMMOTOP.LU – Real Estate Classifieds
Copyright © BK-IMMO Sàrl 2018 - 2020 | Tous droits réservés
Legal disclaimers
Privacy policy